Actualités
Publié le 13 January 2023
Publié le 13 January 2023
6P1 an Classe Mosaïk um Planéitewee
Am Kader vun der Culture générale an dem Thema Weltall hu sech d’Schüler vun der Klass 6P1 a Klass Mosaïk op de Wee an d’Minett op Schëffleng gemaach fir de Planéitewee ” De Saturn”, e Spadséiergang duerch eist Planéitesystem, ze maachen. Op deem vun der Gemeng ugeluechte Léierpad duerch e ganz schéint Naturgebidd wou fréier Eisenerz fir d’Arbed ofgebaut gouf, fënnt een Informatiounstafelen zu der Sonn, de Planéiten, eisem Mound, den Asteroiden, Meteoritten a Kometen. Unhand vun eiser eegen erstallten Actionbound hunn d’Schüler mat Hëllef vun hirem Handy dat Ganzt a Form vu Rallye mat Quizfroen entdeckt.
#LTB #kooperativ #innovativ #engagéiert #6P1 #ClasseMosaik #Voiedepréparation #Classesinférieures
Retour aux articles