20230204 1TPCM GEPRO Help and Collect UAWxxqvviJ67eHnhmgWMMLsCPUwAMMGQr2

Am Kader vum GEPRO-Cours organiséiere 4 Schüler vun der 1TPCM1 ee Projet mam Numm “Help & Collect UA” an Zesummenaarbecht mat der Associatioun Lukraine Asbl. D’Zil ass et ukrainesche Flüchtlingskanner ze hëllefen déi aktuell zu Lëtzebuerg liewen. Engersäits sammele si Kleeder, Spiller a Schoulmaterial an anersäits realiséiere si Aktivitéiten mat Kanner aus der „Mriya Schoul“ am Centre Culturel „An der Eech“ zu Leideleng. Esou hu si z.B. leschte Samschdeg kannergerecht Aktivitéiten mat 8-11 järege Kanner organiséiert oder awer och fir Kleeserchersdag mat 5-7 järege Kanner gemoolt a gebastelt an hinnen och selwer gebaken Kichelcher geschenkt gehat.

#LTB #kooperativ #innovativ #engagéiert #GEPRO #1TPCM #Lukraine #UkrainianSchoolMriya #FormationProfessionnelle

https://www.facebook.com/ukraine.lu/

https://www.facebook.com/mriyaschool/

Retour aux articles